Op den Inhalt sprangen

Canberra

Vu Wikipedia
Canberra
Land Australien
Vewaltungseenheet Australeschen Haaptstadterritoire
Awunner 381.488
  2014
Fläch 471,78 km²
Héicht 578 m
Koordinaten 35°17'35"S, 149°7'37"O
Telefonszon 0251
Postcode 2600–2617
Websäit https://www.act.gov.au/

Canberra ass d'Haaptstad vun Australien, an huet méi wéi 350.000 Awunner. Si ass, wéinst Rivalitéiten tëscht Sydney a Melbourne ëm 1908 als Haaptstad gewielt ginn, an d'Bauaarbechten hunn den 20. Februar 1913 ugefaangen.[1] D'Stad, déi fir sou wéineg Awunner eng iwwerduerchschnëttlech grouss Fläch huet (se ass fofzéngmol méi grouss wéi d'Stad Lëtzebuerg), ass a 7 verschidde Bezierker opgedeelt. Déi si lues a lues am Laf vum 20. Joerhonnert besidelt ginn, a bestinn hirersäits erëm aus verschiddene Quartieren:

Geographesch Positioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad läit am Australian Capital Territory (ACT). Si ass 150 km vun der australescher Ostküst ewech, 286 km südwestlech vu Sydney a 669 km nordëstlech vu Melbourne.

Canberra huet en temperéiert Klima, mat véier verschiddene Joreszäiten.[2] Am Duerchschnëtt ass et allerdéngs méi waarm wéi a Mëtteleuropa. Am Summer, virun allem am Januar, kann et duerchaus och mol gutt an déi 30 °C ginn. De fiichteste Mount ass am Fréijoer den Oktober mat 65,3 mm Nidderschlag, an den dréchenste Mount ass am Hierscht/Wanter de Juni, mat 39,6 mm. Schnéifall op der anerer Säit ass e raart Evenement, an ass bis elo eréischt zweemol observéiert ginn, obwuel et reegelméisseg fréiert.

 Commons: Canberra – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. [1] Städte in Australien: Canberra
  2. Statistics for AUS_ACT.Canberra.Airport_RMY, Australian Government, Bureau of Meteorology