Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Ablécklech WikiProjeten: Kënschtlerbiographien a Leit op Stroosseschëlter.

Artikel vun der Woch

Bois du Cazier ass eng fréier belsch Kuelegrouf zu Marcinelle, an der Gemeng Charleroi an der Provënz Hainaut.

Dat éischt Dokument an deem vun der Kuelegrouf rieds geet ass vun 1822. Den Numm Bois de Cazier gouf warscheinlech erausgesicht fir un e leschte Baron de Cazier an der Géigend vu Charleroi z'erënneren. 1826 gouf et véier Pëtzer um Bois du Cazier, wovun ee mat engem Fërdertuerm dee mat Damp gedriwwe gouf, ekipéiert war an deen dofir Fosse de la Machine genannt gouf. E gouf spéider op Saint-Ernest gedeeft gouf war ufanks 48 Meter déif, ma gouf bis 1864 no an no op 244 Meter verdéift. 1867 gouf en nees zougemaach, well d'Entlëftung ouni Ventilateur net méi duergoung.

1868 gouf en neie Pëtz, Saint-Charles, ugeluecht, deen an de Joren dono ausgbaut gouf, well a 600 Meter Déift nei räich Oderen entdeckt goufen, déi eng Exploitation vun 120.000 Tonnen am Joer erméiglecht hunn. Ausserdem gouf tëscht de Grouwe Marcinelle Nord a Réunion en neie Carreau ugeluecht. De Besëtzer huet, wéinst den héijen Investissementszommen, och e puermol gewiesselt,

D'Grouf gouf traureg bekannt duerch dat gréisst Grouwenongléck dat et jee an der Belsch gouf, den 8. August 1956. E Feier war am Pëtz Saint-Charles op 975 Meter Déift ausgebrach an huet sech séier ausgebreet, woubäi den Damp an all d'Gallerië weidergeblose gouf, soudatt all d'Mineuren déi an der Grouf waren erstéckt sinn. Et waren dëst 262 Doudeger vun 12 Nationalitéiten, dovun iwwer d'Hallschecht Italieener... > méi

Aner Artikele vun der Woch


Archiv

Wousst Dir schonn, datt…

  • … d'Feltgeniomyces luxemburgensis, eng Ascomycota-Pilzenaart, déi 1990 zu Lëtzebuerg entdeckt a beschriwwe gouf, déi éischt bekannt Aart vun der Gattung ass?
  • … et am 13./14. Joerhonnert am Jeneeserbësch eng Schmelz gouf, déi gréisst bis ewell entdeckt Plaz vun Eisegewënnung aus dem Mëttelalter a Mëtteleuropa?
  • Eilekatz aus onverdaulechen Iessreschter (Schanken, Fiederen, …) besteet, deen Eilen oder aner Gräifvullen erauswiergen?
  • … eng Kasematt vum Fort Dumoulin wärend dem Bau vum Institut National des Sports (INS) iertemlech mat Bëtong zougeschott gouf?
Archiv

Op engem 10. Juni

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... den 10. Juni...soss en Dag2025
Archiv

Kierzlech Verstuerwen

Frederick Forsyth
Frederick Forsyth
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

… d'Trapenhaus vun der HBK Hamburg um Kampnagel-Areal.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Léierbicher    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguiden    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen    Wikifunctions Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik